D‘ BEO „Bauereninitiativ fir d‘Eislek an den Naturpark Our“ mat Ennerstëtzung vum „Cliärrwer Beieverein“ lueden an op déi 7t Editioun vum
Ourdaller Bléien an Beiefest
den 24.06.2018 zu Kaalber
Programm
10H00 Ouverture vum Bauremaart
Dégustatioun a Verkaf vu regionale Produkter
10H30 Trëppeltour iwwert de Bléiepad (+/- 1H30)
10H45 Départ Visite Kaalbermillen
11H15 Préparatioun vu gesonden Zalotenzoossen
mat eiser Diététicienne Simone Degardin
12H15 Mëttegiessen: 17,00€
(w.e.g. reservéieren um 691 882376 oder cohaff@pt.lu)
14h00 éischten Tour mam Trakter um groussen Won op d’Felder.
14h30 Virtrag „Héichwäerteg Fettsaieren an de BEOLA Uelecher“
mat eiser Diététicienne Simone Degardin
dono Virtrag „Hanf an Hanfprodukter zu Lëtzebuerg“
mam Dr. Serge Schneider (Cannamedica) an Dr. André Steinmetz (Cannad’Our).
Den ganzen Dag
-Navette iwwert de Bléiepad
-Schleideren a Verkaf vu fresch geschleidertem Hunneg
-Visite van de Produktiounen
-Kanneratelier
De ganzen Dag ass fir Iessen an Drénken op de verschiddenen Stänn gesuergt.